volleyball.lu

vblu logo shadowvolleyball.lu ass en onofhängegen Projet deen 2000 vum Francis Manderscheid an d'Liewen geruff gouf, mam Ziel den Volleyball zu Lëtzebuerg, an Form vun Fotoen, engem breeden Public an der Volleyball Community zur Verfügung ze stellen.

Eis ass dëst mat hëllef vun fräiwellegen Hobby- An Beruflechen Fotografen gelongen an Datenbank as steteg gewuess. Mir sichen awer allzäit nei Talenter, déi den Projet mat hieren Fotoen ennerstëtzen wëllen.

Aktuell besteht volleyball.lu aus dräi Deler:

D'Fotosgallerie wor den éischten an och wichtegst Element vum ganzen Projet. Ziel wor et fir all d'Volleyballs Fotoen zentral ze sammelen, an sou eng Platform fir jiddereen ze schafen, wou Fotoen weisen oder kucken wëll. Dëst ass och Deelweis en Succes well mir gin op 50.000 Fotoen duer. Bléiwt awer nach vill Arbescht weider Leit ze fannen déi bereet sinn hier Fotoen op volleyball.lu ze weisen.

Am laaf vun der Zäit ass dun den Newsblog derbäi komm, fir Volleyball Matcher, Tournoien an Evenementer besser unkënnegen ze kënnen.

Enn 2008 ass op Initiativ vum Francis Manderscheid den WEBSITEhosting Service an d'Liewen geruff ginn. Ziel héi wor ganz kloer, den Veräiner eng eegen Internetpräsenz, onkomplizéiert an präisgenschteg unbidden ze kënnen. volleyball.lu ass iwerzeegt dass an der häuteger Zäit wichteg ass, sech als Veräin am Internet ze présentéieren. Awer net all Veräin huet Memberen, déi sech mat Webdesing auskënnen, an soumat stellen mir eng einfach Paltform zur Verfügung, déi ouni groussen Opwand vun all Mensch bedriwen kann gin. Mir stinn och selbstverständlech allzäit fir är Froen zur Verfügung. Hei fannt dir wéider Informatiounen zu eiser Offer.

Mir sinn och op Facebook ze fannen, wou mir och iwert News informéieren.

Hues du nach Unregungen oder wëlls beim Projet matwirken, dann mell dech einfach bei eis.

Mat sportleschen Gréiss,
Francis Manderscheid
volleyball.lu Founder, Admin and Photographer

Impressum

 Verschiden Linken um Site vum volleyball.lu verweisen ob aaner Siten. Den volleyball.lu ass enner kenger Form responsable fier den Contenu vun dësen Siten. volleyball.lu benotzt Google Analytics.

Mei Detailer fannt dir ennert Datenschutz.

 

Francis Manderscheid

volleyball.lu

Francis MANDERSCHEID | 1d, rue de Cessange | L- 3347 Leudelange
Tel: +352 26 370 670 | GSM: +352 621 10 10 09 | EMAIL: This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.
LU45 1111 2740 8863 0000 | CCPLLULL | POST Group

mobile Login